FAQ

  • Wat muss ech matbréngen?

Ënnert http://gourban.lgs.lu/info/materiallescht/ fënns du eng Lëscht mat Saachen, déi s du matbrénge muss.

 

  • Kréien ech Suen erëm, wann ech net um Camp kann deelhuelen, e puer Deeg net kann do sinn?

Bei den Terms&Conditions http://gourban.lgs.lu/en/info/downloads/terms-and-conditions/ fënns du ënnert dem Punkt 1 all Infoen zum Thema Remboursement.

 

  • Wat ass am Präis mat dran?

Am Präis abegraff sinn: de Programm, d’Infrastrukturen (ausser d’Schlof, Iess- a Kachzelter fir Avex, Carapio a Raro), den Transport während dem Camp an d’Iessen.

 

  • Wéi kommen ech op de Camp?

Mam ëffentlechen Transport (Bus) si dir a 15 Minutten vun der Stater Gare op der Campplaz.

Op den offiziellen Uress- an Ofreesdatumer wäerten och Navetten organiséiert ginn.

 

  • Dierf ech eleng als RaRo op de Camp?

Natierlech kënnen och eenzel RaRo ouni Chef aus Gruppen kommen. Prinzipiell ginn d’RaRo a multikulturell Wunnquartieren vun 50 Leit, an deenen ongeféier 2-3 Leit aus enger Ekipp sinn, opgedeelt.

 

  • Wéi ass den Dagesoflaf?

Ënnert http://gourban.lgs.lu/timetable/ fënns du Beispiller vun Dagesofleef fir déi eenzel Branchen.

 

  • Wat sinn déi offiziell Sproochen um Camp?

Déi offiziell Sprooche si Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

 

  • Ass en Dokter um Camp?

Um Camp gëtt et e Go|Medical mat Dokteren an Infirmièren. Bei den Terms&Conditions http://gourban.lgs.lu/en/info/downloads/terms-and-conditions/ fënns du ënnert dem Punkt 6 all Infoen zum Thema Go|Medical.

 

  • Dierf eng Persoun mech besiche kommen?

Sonndes, den 23. Juli 2017 ass den Open Day, eng Porte ouverte, fir jiddwereen. Weider Infos kommen no. All aner Visite muss am Sekretariat ugefrot ginn.

 

  • Wat gëtt et z’iessen a muss ech selwer kachen oder net?

D’Biber, d’Wëllefcher an de Staff (IST) kréie gekacht. Déi aner Branchen, d’Avex, d’Carapio an d’Raro kachen zesumme mat hire Chef. Si kënnen an eisem Campsupermarché hir Saache selwer raussichen a fanne Rezepter an engem Campkachbuch. All Infoe fënns du op http://gourban.lgs.lu/info/ravi-gofood/

 

  • Kachen ech um Feier oder op Gas?

Du hues de Choix. Holz kriss du zu Verfügung gestallt, Gas kanns du um Camp kafen

 

  • Wéi eng Aktivitéite stinn um Programm?

Du kanns däi Programm zum groussen Deel selwer bestëmmen. De Programm ass a 5 Beräicher agedeelt: Go|Adventure, Go|Creative, Go|Mind&Spirit, Go|Nature a Go|Social. Donieft ginn et nach Visitten an 3 gemeinsam grouss Evenementer. D’Avex an d’Carapio ginn nach op en Hike, d’Raro op e Path. All Info fënns du op http://gourban.lgs.lu/program

 

  • Wéi froen ech Congé Jeunesse un?

De Congé Jeunesse ka fir d’Period vum 12.07.2017 bis den 02.08.2017 ugefrot ginn, dat heescht och fir d’Opriichten an d’Ofriichten. Dir musst de Formulaire ausfëllen mat der Ënnerschrëft vum Patron an un d’Sekretariat vun den LGS schécken. D’Sekretariat leet de Programm bäi a schéckt en dann weider. All Infoen an och de Link zum Formulaire fannt dir hei: http://gourban.lgs.lu/info/downloads/conge-jeunesse/