Go | Support

Eng Guiden- a Scoutsstad mat 5.000 Awunner aus alle Kulturen. De Kierchbierg erlieft d’Kreatioun vu sengem gréissten, neisten, autonomsten a nohaltegste Quartier – Dem Go|Urban.

Am Summer 2017 realiséiert de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) dës Erausfuerderung a Form vun engem internationale Camp fir Kanner a Jonker tëscht 6 an 23 Joer.

Den Challenge ass et, aus alle Länner, mat deene mer bis ewell Kontakter a Projeten haten, Memberen op de Go|Urban ze invitéieren, wéi z.B dem Senegal, Niger, Haiti, Bosnien, Georgien, Äthiopien … Dofir gouf de Go|Support Fong gegrënnt, e Fong, an deem mir Sue sammelen an deen eis erméigleche soll, d’Rees vu Guiden a Scouten aus eise Projetslänner ze finanzéieren. Maacht mat, dass de Go|Urban dee gréissten internationale Camp gëtt, deen d’LGS bis ewell hei am Land organiséiert hunn.

Fondatioun Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken

BILLULL LU95 0025 1738 1154 8100 mat der Mentioun: Go Support

Donen un d’Fondatioun kënnt dir vun de Steieren ofsetzen.

Downloads

Flyer