Iwwernuechtung

Eis jéngst Participanten, d’Biber, wäerten ausserhalb vum Camp an enger Schoul, déi e puer honnert Meter vum Go|Urban-Stadzentrum ewech ass schlofen.

D’Wëllefcher däerfen sech elo schon op hiren eegenen Staddeel um Go|Urban freeën. E besonneschen Highlight wäerten déi vill Indianertippie sinn, an deenen si iwwernuechte wäerten.

Fir all déi aner Participanten hunn eis Urbanisten d’Infrastrukture fir weider Staddeeler geplangt, an deenen déi verschidden Altersgruppen hir Zelter opriichte kënnen, sou wéi een dat vun anere Scoutscampe gewinnt ass. An enger internationaler a multikultureller Noperschaft ka sou jiddereen säin Deel zum Erschafe vun eiser Scoutsstad bäidroen.

De Ranger-Rover „Quartier“ setzt sech aus multikulturelle Wunnunitéite vu ronn 50 Awunner zesummen. Dobäi gehéieren ëmmer 2-3 Persounen aus dem selwechten Grupp zu enger Wunnunitéit. Aus dësem Grond recommandéiere mir de Ranger-Rover kleng Zelter (fir 2-3 Persounen) matzebréngen.

Och d‘(I)ST wäerten hiren eegene „Quartier“ kréien, an deem si hir Zelter opriichte kënnen.