Ravi – Go|Food

  • Participanten ënner 11 Joer (Biber a Wëllefcher) souwéi (Internationale) Staff (I)ST

Fir eis jonk Participanten, souwéi fir déi villbeschäftegt Staff-Membere bidde mir eng Vollpensioun am groussen Iesszelt matzen am Go|Urban-Stadzentrum un Eist Kichen-Team freet sech elo schonn drop déi kleng a grouss Gäscht hei ze empfänken.

Mat engem gudde Kaffi (Frühstück) sollen eis Participante gestäerkt den Dag starte kënnen. Mëttes gëtt et en ofwiesslungsräiche Lunch-Buffet mat vill Auswiel fir de klengen Honger. Déi waarm Haaptmoolzecht gëtt Owes zerwéiert, mat gudder Stëmmung am Zelt inklusiv.

 

  • Participanten ab 11 Joer (Avex, Cara-Pio, Raro.)

Och déi méi al Participante solle während dem Camp op kee Fall Honger leiden. Fir de Gruppe méi Flexibilitéit beim Ravi ze erméiglechen, wäert et am Go|Urban-Stadzentrum e Supermarché ginn, mat vill verschiddenen Iesswuere fir de Kaffi (Frühstück), d’Mëttegiessen, souwéi fir d’Haaptmoolzecht owes.

Gekacht gëtt jee no Choix op Holz an/oder Gas. D’Brennholz kritt dir gratis zur Verfügung gestallt, d’Gasfläsche kënnt dir um Camp kafen.

Ee Rezeptbuch mat Beispillmenüe soll iech beim Kafen a Kachen hëllefen. D’Ëffnungszäite vum Supermarché wäerten sou sinn, dass dir déi verdierflech Produiten ëmmer kuerz virun der Zoubereedung ofhuele kënnt a soumat méiglechst wéineg ewechgehäit gi muss.

Souwäit et eise Budget erlaabt a souwäit et och sënnvoll ass, besteet eist Sortiment am Supermarché aus Artikelen, déi mat eisem Nohaltegkeetskonzept iwwereneestëmmen. Beim Uebst a Geméis wäerte mir ausschliisslech op Biowueren zréckgräifen, woubäi och hei saisonal a regional Wuere Virrang hunn.

Fir Participanten déi op Allergien oppasse mussen, wäert et am Supermarché ee klenge Rayon mat entspriechende Produite ginn. Fir aner wichteg Artikelen, déi am Supermarché net op Lager sinn, wäert dir d’Méiglechkeet kréien, dës een Dag am Viraus ze bestellen. Ofgeronnt gëtt eist Sortiment mat engem Non-Food Beräich fir déi wichtegst Campartikelen.

Fir ze bezuele kritt all Grupp eng Aart Kreditkaart mat engem Punktekonto fir d’Gesamtdauer vum Camp, sou wéi een dat vun anere groussen Jamboreeën hir kennt. Sou kann all Grupp selwer entscheeden, wéi si mat hirem Budget verfiert.

All international Trupp kritt eng lëtzebuerger Partnertrupp. Sou kënne si sech wéinst dem Kichematerial  ofschwätze fir de Bagage vun den internationale Gruppe méiglechst kleng ze halen.