Definitiv Umeldung

Dir kënnt bis den 31. Januar nach är Umeldung op https://join.gourban.lu vervollstännegen an och all d’Leit (Kanner/Chef) androen.

Duerno kënnt dir (ausser op speziell Ufro per Mail un join@GoUrban.lu) keng weider Participanten/Cheffe méi androe resp. läschen.  Drot w.e.g. och all d’Leit an, bei deenen dir nach net ganz sécher sidd ob si komme kënnen a schreift dat als Remark dobäi. Si mussen elo nach keen Acompte bezuelen.

Nom 31. Januar ginn dann och d’Rechnunge verschéckt. Iwwerweist bis dohin w.e.g. nach keng Suen a sot och ären Eltere Bescheed dass si op kee Fall solle selwer op de Go|Urban Konto iwwerweisen. Alles soll iwwert de Grupp zesumme bezuelt ginn.

Wichteg Informatioun fir International Scoutsgruppen:
De Go|Urban ass fir International Scoutsgruppe vun der Branche vun den AvEx un op. Den Alter kann dobäi je no Land variéieren (z.B Guides & Späher, Jungpfadfinder, Scouts-Guides etc…). Den Dag vum Camp muss d’Kand mindestens 10 Joer al sinn.

GoUrban_LU

Wéi mellen ech meng Branche un?
All Branche muss sech separat iwwert de Brancheresponsabel umellen. De Brancheresponsabel muss also op https://join.GoUrban.lu goen a sech do e Login ufroen resp. aloggen. Dono kann de Brancheresponsabel seng Branche ënner “Mell deng Branche un“ aschreiwen. D’Umeldunge si bis den 31. Januar 2017 op.  Bis dohi kann de Branchechef och Ännerunge virhuelen. Ab dem 1. Februar kann näischt méi un der Umeldung réckgängeg gemaach ginn. Nom 1. Februar kritt de Gruppechef dann eng Rechnung mat dem geneeën Acompte.

Wéi bezuelen ech den 1. Acompte?
En 1. Acompte ass bis de 15. Februar 2017 ze iwwerweisen. Aus organisatoresche Grënn hätte mir gär eng eenzeg Iwwerweisung pro Grupp. Weider Detailer, ob a wéini dir Suen erëmkritt, falls ee Participant sech ofmellt, fannt dir an eise Konditiounen.

Den 1. Acompte ass 1/3 vum gesamte Präis:

Biber (6-8 Joer)

Wëllefcher (8-11 Joer)

AvEx (11 – 14 Joer)

CaraPio (14 – 17 Joer)

RaRo (17 – 23 Joer)

D’Reschtzomm ass bis de 15. Abrëll 2017 ze iwwerweisen.

40€

50€

100€

100€

100€

Biber- a Wëllefcherchef als (I)ST (internationale) Staff
Falls ee vun de Biber- an / oder Wëllefcherschef fir de Rescht vum Camp als (I)ST wëll hëllefen, soll dësen sech selwer op https://join.GoUrban.lu umellen. Bei der Umeldung ass et wichteg unzeginn, datt e just fir e puer Deeg hëllefe kann.

Umeldungsformular an Elterebréif
Hei
fannt dir den offiziellen Umeldungsformular souwéi e Bréif, deen dir mat ären Donnéeë kënnt vervollstännegen an den Elteren esou kënnt weiderginn.

Haalt w.e.g. déi vun den Elteren ausgefëllten an ënnerschriwwen Umeldungen a bréngt se mat op de Camp.