GO|Urban 2017 – Progamm Owend

Invitatioun op de GO|Urban Programm Owend de 4 Mee um 19:00 um Neihaischen

Eise grousse Camp um Kirchbierg kënnt ëmmer méi no, d’Programmkonzept as färdeg an d’Strukture stinn, elo geet et drëms fir flott Aktivitéiten an all de Braicher vum Camp auszeschaffen déi de Jonke vun Haut gefaalen an hinnen edukatif ëppes brengen. Mir bauen um GO|Urban eng grouss Guiden- a Scoutsstad op, wou all eis Branchen zesummen hiere Programm erliewen. Ewéi an enger richteger Stad gët et “Arbeschtszait” a “Fraizait” a verschidde Quartier wou Programm wärt ugebuede ginn. Och wëlle mir mat villen Externen am Programm schaffen an Aktivitéiten ausserhalb vum Camp ubidden a visibel sinn.

De Programmstaff wëll dass méiglechst vill Idien vun eise Membere mat an de Programm afléisse lossen, esou dass et och wierklech EISE Camp gëtt. Dofir organiséie mir een Owend zum Thema Programm.

Een Owend fir all Mensch op Chef, Albatross, RaRo, Ancien, Matarbechter den interessiert ass fir méi iwwert d’Programmkonzept vun eisem grousse Camp 2017 um Kierchbierg gewuer ze ginn a wëll mat diskutéieren, ausschaffen an Activitéite proposéieren, fir dass eise Camp dee beschte Programm kritt.

Et gëtt och e Maufel z’iessen an e Patt ze drenken 🙂

Umellung (mat eventuellen Allergien oder Diäten) bis den 02/05/2016 beim Tom Lahr op