Go|Explore Quiz

Programm: All Avex a CaraPio an hir Chef ginn een Dag vum Camp op Visite uechtert d’Land. Dës Visite bucht dir den Dag virdrun am Reesbüro. Deen Dag gitt dir also net an den Jobcenter, mee dir kommt bei eis.

Aschreiwung: D’Buche funktionéiert d’selwecht wéi am Jobcenter, ausser dass dir bei eis just e ganzen Dag kënnt auswielen.  Eenzeg Ausnam: Mir bidden de 26.07. eng Visite um Findel un. Dofir musst dir iech awer méi fréi umellen, an zwar den 19. oder 20. Juli, och am Reesbüro. Fir dës Umeldung a fir d’Visite musst dir och är Carte d’identité oder e Pass derbäi hunn.

Aschreiwung Chefs: D’Chef sollen sech scho méi fréi umellen fir all d’Visiten. Dat ass méiglech op de Quartiersversammlungen oder ab dem 19. Juli um Camp. Mir brauche bei all Visite een, deen dat Wichtegst kann op Englesch iwwersetzen, een anere fir d’Franséisch an eventuell och ee fir d’Däitsch. Dann nach 1 oder 2 Chefs fir d’Surveillance an d’Disziplin (dat kann awer och ee vun den Iwwersetzer maachen). Bei der Aschreiwung kritt dir direkt och all néideg Informatiounen zum geneeën Oflaf vum Dag.

Quiz: Fir iech verschidde Visite virzestellen, hu mir e Quiz ausgeschafft. Dee kënnt dir iech hei downloaden an an enger nächster Versammlung spillen. Sou hunn d’Avex a CaraPio schonn eng Iddi, wat si zur Auswiel wäerten hunn.