Go|Urban: RaRo Path

Wat ass e Path?

D’Philosophie vun engem Path bei de RaRo kënnt vum Roverway. Op dësem Camp ginn d’RaRo an hire Clanen mat weideren internationale Clanen op en Hike bis si sech duerno op enger fixer Campplaatz erëm fannen fir do zesummen e Camp ze erliewen.

De Path um Go|Urban

De Path um Go|Urban ass vu RaRo fir RaRo organiséiert ginn. 3 Deeg laang ginn d’RaRo op de Path fir zesummen mat den auslänneschen Clanen e flotte Wee an Aktivitéiten ze erliewen. De Path start den 19. Juli zum Schluss vum Erëffnungsevent an de Retour ass den 22. Juli am Laf vum Nomëtten.

De RaRo-Quartier

De RaRo-Quartier ass a 5 Clanen organiséiert, am respektiven Clan gëtt zesumme giess, geet et zesummen op de Path an all aner Aktivitéit gëtt zesummen erlieft. D’Material, wéi z.B. d’Kichematerial a Gaskocher, gëtt vu de Lëtzebuerger Clane gestallt. All Lëtzebuerger Clan huet d’Méiglechkeet 3 Preferenzen aus 5 Paths unzeginn. Liest d’Beschreiwunge vu deenen eenzelne Paths duerch a deelt ons äre Choix bis den 10. Mee op raro@lgs.lu mat. Den 13. Mee um 19h30 am Chalet vu der Géisserei kri dir äre Clan fir de GO|URBAN virgestallt.


Wéi eng Paths ginn et?

Et gi 5 verschidde Paths:

  1. Central Path

Sicht dir eng Erausfuerderung a wëllt dir 4 Deeg Aktioun a Spaass erliewen? Wollt dir schonn ëmmer an enger Höhl schlofen, Tandem-Mountainbike fueren, e Klotterpark besiche goen an dat alles während engem 50-60 km Hike, dann huelt un eisem Path deel.

  1. From East to South

Eis Route fänkt am Osten un an hält am Süde vum Land op. Mir wäerten  d’Muselgéigend besser kennen léieren, andeems mir laanscht d’Wäiriewen hiken, éier et dono an de Minett geet, wou mir eis op sozialem Engagement an de geschichtlechen Deel vun Lëtzebuerg fokusséieren. Freet iech also op eng flott Route mat enger gudder Mëschung aus Aventure, sozialem Engagement, Geschicht a Spaass!

  1. Southside down (in the dark)

En actionsräichen Hike vun ronn 60 km. E besonneschen Owesprogramm, Schwindelfräi soll een sinn an Iwwernuechtung ënnert fräiem Himmel.

  1. Nothern Path

Hues du Loscht op eng gemittlech Mëschung aus Trëppelen a Visite? Da bass du op eisem Hike mat Undeeler vu Kultur, Musek a Gastronomie genau richteg: mat Visite vun bekannte Plazen a schéine Weeër an der Natur léiert dir den Norden vum Land besser kennen!

  1. Eastern Path

Eng Entdeckungsrees duerch déi «Kleng Schwäiz». Mir bidden iech herrlech Naturlandschafte fir mat ons ze entdecken.