Go | Social

Sensibiliséieren a Mobiliséieren
An Zesummenaarbecht mat eise Partner gees du op eng flott Entdeckungsrees. Hei stinn Theme wéi sozial Gerechtegkeet, Mënschen op der Flucht oder Kannerrechter um Programm. Et sinn Themen, déi eis all eppes uginn an iwwert déi et sech lount eppes méi ze wëssen.

Beispiller:

Rechen däin CO2 Foussofdrock aus

Recycléier Pabeier

Liewe mat enger Behënnerung: e Rallye queesch duerch d’Stad

Kannerrechter bei eis an am Rescht vun der Welt

E Liewen op der Flucht

Schätz aus dem Reebësch

 

Deem anere begéinen
An de Guiden a Scoute si mir oppe fir aner Leit ze begéinen a kennenzeléieren, mee oft komme mir awer net a Kontakt mat anere soziale Realitéiten. An dësem Programmberäich kriss du d’Chance um Alldag vun aneren, interessante Leit deelzehuelen. Léier nei, national an international Guiden a Scoute kennen, tausch dech mat hinnen aus a pak eng Hand mat un.

Beispiller:

Laachen a kräische mam Clown aus der Kannerklinik

Eng Hand mat upaken op engem Bauerenhaff, wou Leit mat enger Behënnerung schaffen.

Wäschtroussë bitzen a fëlle fir eng B.A.

Spiller a Gesellschatfsspiller an all senge Formen

Strécken an Häkele mat eelere Leit

 

Eng Welt

(Interkulturalitéit an Entwécklungszesummenaarbecht)
Et gi ganz vill Länner an der Welt wou et de Mënsche net esou gutt geet wéi eis zu Lëtzebuerg respektiv an Europa.  An dësem Beräich wëlle mir eist eegent Verhalen  an eise Konsum hannerfroen, awer och nei Kulturen entdecken an aner Liewensstiler kenne léieren. Mir wëllen déi räich Kulturen aus aarme Länner aus enger anerer Perspektiv kucken. Mir froen eis och  wat  mir selwer maache kënne fir dës Welt e bësse besser ze verloosse wéi mir se firfonnt hunn

Beispiller:

Vum Schof bei de Pullover: Wiewe wéi an den Anden

Den Nepal op spilleresch Art a Weis kenne léieren

Dem fairen Handel op der Spuer

Kachen a Brachen am World-Café