Go | Adventure

Während dem Camp kanns du selwer decidéieren, bei wéi engen Aktivitéiten dass du wëlls matmaachen, eleng oder zesumme mat Kollegen (déi méi Jonk bleiwen an hire Gruppen). D‘Umelle leeft iwwer den “Job-Center” – du kanns aus fënnef Beräicher a jee no Alter eraussichen. Hei e puer Beispiller, wat dech beim Go|Adventure erwaart:

 

Waasser Aktivitéiten
Lëtzebuerg läit zwar net um Mier, huet awer mat der Sauer, der Musel an de Séien am Éislek genuch Méiglechkeete fir Spaass an Action am oder beim Waasser.

Beispiller: Kajak fueren, Wakeboard, an nach vill aneres

 

Dynamesch Spiller
Kleng a grouss Scouten si begeeschtert vun dynameschen a spannende Spiller. Mir brauchen dofir keng Spillkonsol, mee wäerten déi Spiller dobaussen an der Realitéit ubidden.

Beispiller: fann de Mister X, Counter Strike, an nach vill anerer

 

Adventure
A speziellen Infrastrukture bausse vum Camp, awer och op Infrastrukturen déi mir op der Campplaz gebaut hunn, bidde mir vill Méiglechkeete fir Aktivitéiten héich an der Luucht oder mat kniwwelegen Hürden, fir deng Grenzen ze testen.

Beispiller: Héichseelgaart, Hindernisparcous, Monkey-Tree, a vill aneres

 

Klammen
Du kanns däi Courage an deng Kraaft beim Kloteren, Ofseelen oder „Boulderen“ gebrauchen, well dat alles wäert Deel vun der Adventure Offer beim Go|Urban sinn. Mir wëllen all Forme vu Kloteren ubidden.

Beispiller: Verschidden Zorte vu Klammen, Boulderingmauer, a vill aneres

 

Sport
Wat wär e Camp ouni Sport? En hält ons fit, hëlleft ons nei Frënn ze fannen a mir kënne manner bekannte Sportaarte kenneléieren. Souguer op dem B.P. sengem éischte Camp stoung scho Sport um Programm.

Beispiller: Bouschéissen, Rugby, Baseball, a vill aneres