Go | Nature

Während dem Camp kanns du selwer decidéieren, bei wéi engen Aktivitéiten dass du wëlls matmaachen, eleng oder zesumme mat Kollegen (déi méi Jonk bleiwen an hire Gruppen). D‘Umelle leeft iwwer den “Job-Center” – du kanns aus fënnef Beräicher a jee no Alter eraussichen. Hei e puer Beispiller, wat dech beim Go|Nature erwaart:

 

Native Village
Am Native Village, enger spannender a pädagogesch wäertvoller Plaz, léiere mir am a ronderëm dat grousst Keltenhaus vun den LGS, wéi d’Naturvölker, zum Beispill d’Kelten oder d’Steenzäitmënschen, gelieft hunn.

Beispiller: Feier maache mat Feiersteen oder Feierbou, Kache wéi an der Steenzäit, a vill aneres

 

Project Wild Thing
Mir kucken den Dokumentarfilm „Project Wild Thing“ zesumme mam Regisseur David Bond. Hie versicht op eng flott Aart a Weis de Kanner an deene Jonken d’Natur, déi beandrockend ass an näischt kascht, méi no ze bréngen. No der Filmvirféierung ass nach Zäit fir zesummen ze diskutéieren. Dir kënnt och Naturspiller, déi dir kennt an Iddien zum Thema an een Netzwierk mat abréngen.

Beispiller: Filmvirféierung, Gespréichsronn, Wildtime App an Wild Network

 

Nature skills
Hei kanns du léieren, wat zu engem Liewe mat der Natur gehéiert a wéi ee Saachen aus der Natur verschaffe kann. Du gesäis, wéi vill Verschiddenens een aus de Schätz vun der Natur gewanne kann.

Beispiller: de Gebrauch vu wëlle Kraider, Kachen a Bake mat Feier a Glous, Konstruktiounen aus natierleche Materialien, a vill aneres

 

De Bauerenhaff
Wéi op engem richtege Bauerenhaff ginn et hei vill Notzdéiere wéi Hénger, Schwäin a Kéi, em déi sech all Dag muss gekëmmert ginn. Du léiers des Déiere kennen a gëss gewuer wéi op de Felder an am Gaart vum Bauerenhaff geschafft gëtt.

Beispiller: sech em d’Déiere këmmeren, Déireprodukter verschaffen, Kraider a Geméis an engem Héichbeet zillen, a vill aneres